Moien !

Wëllkomm op menger Homepage.

Ech sin den Christian KMIOTEK a wunnen mat menger Fra Anna zu Jonglënster.

 

Hei fannt der vill mat deem ech mech beschäftegen an dat mech beschäftegt: haaptsächlech SOZIALES an KULTUR.

An TEXTER iwert meng Iwerzeejhungen, plus weider Links.

 

 
Rectangular Callout: Ech sin politësch aktiv bei de Gréngen

 

An der Gemeng Jonglënster

·        Mëmber vun verschiddenen berodenden Gemengekommissiounen:

o        Commission scolaire

o        Commission de la Communication et de l’Information

o        Cellule artistique

·        Grënnungs- a Comitésmëmber vun EQUICLIC, asbl déi mat der Gemeng Jonglënster konventionéiert as fir hir ze hëllefen hir Klimabündnis-Zieler ze erreechen

·        Aktiv an der grénger Lokalsektioun

 

An der grénger Partei

·        Trésorier vun der Partei, dofir och Mëmber vum Bureau exécutif a vum Comité Exécutif

·        Präsident vun der Lokalsektioun Jonglënster

·        Aktiv am Beziirk Osten

·        War 2009 Kandidat bei den Europawahlen

 

SOZIALES

Berufflech

·        Ech bilden als chargé de cours zukünfteg Erzéierinnen an Erzéier am LTPES (Lycée Technique pour Professions Educatives et Sociales) aus. Meng Spezialitéit as Sonderpädagogik, dofir maachen ech och e speziellen Internet-Site fir meng Schüler/innen (http://pedagogie.speciale.mysite.lu/).

·        Fir den Ministère de l’Education nationale (MENFP) koordinéiren ech eng Reform vun der Erzéiher/innen-Ausbildung.

·        Sekretär vun der nationaler Programmkommissioun fir d’Ausbildung vun den Erzéier- a Sozialberuffer

·        Ech gin och als « enseignant-chercheur associé » Cours’en op der Uni Lëtzeburg am BPSSE - Bachelor Professionnel en Sciences Sociales et Educatives (zukünfteg « éducateurs gradués » an « assistants sociaux ») & an der Formation Pédagogique (zukünfteg Lycées-Proffen)

Doniewt

·        Präsident vun der Fondation Kannerschlass.

·        Vizepräsident vun APEMH société coopérative

·        Bei der Croix-Rouge zanter 30 Joër Blut- Plasma- a Plaquettenspender

·        Grënnungs- a Comitésmember vun EQUICLIC asbl Jonglënster

 

KULTUR

Berufflech

·        Ech sin Partner (niewt dem Jani Thiltges an dem Claude Waringo) vun der gréisster Lëtzebuger Filmproduktiounsfirma SAMSA FILM. Ech produzéieren keng Filmer, ma ech sin fir den „back office“ zoustänneg. Mat menger klenger Equipe këmmeren ech mech ëm d’Finanzen an ëm d’Administratioun.

·        Mäi Wëssen a Kënnen an deem Beräich deelen ech mat Professionnellen aus ganz Europa, andeems ech an der Weiderbildung vun Professionnellen aus dem Filmberäich aktiv sin. Speziell um Härz läit mer do den FILM FINANCE FORUM, denn ech schon säit engen Joërzengt eng Kéier pro Joër zu Lëtzeburg organiséieren.

·        Als Expert beroden ech d’Europäësch Kommissioun zu Bréissel, wann et drëm geet, Hëllefen un europäesch Film- an TV-Produzenten am Kader vum EU-MEDIA-Programm ze vergin.

Doniewt

·        Ech stin schon zënter 1975 op der Theaterbühn. Heiansdo sin ech och a Filmer ze gesin, ma den Theater as meng grouss Leidenschaft.

·        Trésorier vun der THEATERFEDERATIOUN - Fédération luxembourgeoise des théâtres professionnels

·        Vizepräsident vun der KULTURFABRIK

·        Vizepräsident vun der Utopia S.A.

·        Member vun der Theaterkommissioun vun den Stater Theateren

·        Am Kulturministär präsidéieren ech d’Kommissioun déi d’Ministësch beréit iwert den Statut vum Artiste an iwer d’ „intermittents de spectacle

 

LINKS

 

Texter iwer meng Iwerzeejhungen

·        Mëmber vun verschiddenen berodenden Gemengekommissiounen:

o        Budget 2011: Verwalten anstatt gestalten (Liesen)

o        Gesundheitkasse nachhaltig sanieren (Liesen)